D'Glühschwéngchen

Theater fir Kanner vun 6-10 Joer, Independent Little Lies - ILL

D'Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et engem Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!

D'Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016).

D'Regisseurin Linda Bonvini an d'Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d'Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d'Kläng vu verschiddene Saxophonen.

D'Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer. ILL ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen 1995 gegrënnt gouf, sech mat zäitgenësseschen a sozialen Themen ausenanersetzt a jonken Artisten eng Plattform gëtt fir hir Projeten ze realiséieren.


Mam: Rosalie Maes (Schauspill) a Jessica Quintus (Saxophon)
Text: Nora Wagener a Luc Caregari
Zeechnungen: Carlo Schmitz
Regie: Linda Bonvini
Adaptatioun: Linda Bonvini a Rosalie Maes
Kompositioun: Jessica Quintus
Artistesch Mataarbecht: Jacques Schiltz
Luuchtekreatioun: Dominik Dusek
Produktioun: Independent Little Lies
Koproduktioun: KHN, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Théâtre d'Esch
Mat der Ënnerstëtzung vum: Ministère de la Culture, Fonds Culturel National

In Zusammenarbeit mit

Eine Koproduktion von ILL-Independent Little Lies, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, KHN und des Escher Theater.

Empfehlungen