Dem Litty ass et kal

Musekspektakel fir Kanner ab 3 Joer

Dem Litty ass et kal. Ëmmer kal. Iwwerall kal. Virun allem am Wanter.
De Litty fënnt zesumme mat de Kanner flott Méiglechkeete fir sech séier opzewiermen. Vu bannen: mat engem schéine Lidd, dat waarm Gefiller ausléist, mat enger beréirender Geschicht, mat engem häerzleche Laachen. Vu baussen: mat schmasseger Musek, bei där een sech waarm zappele kann oder mat engem flotte Beweegungsspill.
E flotten an interaktiven Concert, bei dem d'Kanner spilleresch déi Lëtzebuerger Kultur besser kenneléieren!

Aus dem Programm / Lidder:
Heemescht, Gebuergenheet, Ritualer: Ons Heemecht, En exotescht Meedchen: Manyla, Geschicht vun der Seeldänzerin Neige, Laachzeen aus Et wor emol e Kanonéier aus dem Dicks senger Mumm Séis, Péiter Faber: Jazzband, eng Musek geet "duerch Muerg a Been", E gudde Rot vom Jempy Welter: Spillt mam Yo-Yo!, Schlusslidd: Du Litty do!


Iddi, Animatioun, Piano: Georges Urwald
Sousaphon: Fränz Ewen
Perkussioun: Max Sauber
Illustratioun: Andy Genen
Bléck vu baussen: Dan Tanson
Organisatioun, Produktioun: KHN, Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom)