Den Aaron an d'Geheimnis vun der Fieder

Musek, Erzielung an Illustratiounen

Den Ivovillchen Aaron verléiert seng faarweg Fieder a säi wonnerschéine Gesang. An hien huet kee Frënd u senger Säit, deen him hëlleft! Sou kann dat net weider goen... Dofir mecht den Aaron sech op de Wee fir alles ze fannen, wat him wichteg ass.

Eng Erzielung iwwer d'Kraaft vun der Musek an der Frëndschaft, mat jiddesche Melodien a phantasievollen Szenebiller op Basis vun Fotogrammer. Dës Technik gëtt an enger klenger an interessanter Ausstellung erklärt.

Piano: Béatrice Rauch
Gesank: Mariette Lentz
Klarinett: Nathalie Ludwig
Gei: Sandrine Cantoreggi + Isabel Van Grysperre
Cello: Anik Schwall                                                                                                                            Bratsch: Sophie Urhausen

Konzept, Erzielung: Jenny Spielmann
Mise en scène a Luuchtekreatioun: Martine Conzemius
Projektioun: Michelle Kleyr
Kostümer: Alexandra Lichtenberger
Musekalesch Arrangement: Claude Kraus
Produktioun: Kammerata Luxembourg, CAPE, KHN

2G+CovidCheck Veranstaltung