Dëppchen, Dëppchen

Erzieltheater fir Kanner vun 3-6 Joer, Theater Traverse a.s.b.l.

"Et wor eemol, an der Tierkei, e jonkt Meedchen. Hatt huet mat senger Mamm an enger aarmséileger klenger Hütt gelieft. Enges Dags huet d'Meedchen um Maart e klengt Dëppche kaf. Et huet geliicht... an alle Faarwe vum Reebou. An et war e ganz ganz besonnegt Dëppen...."

No engem tierkesche Volleksmärchen.
Uschléissend un de Spektakel fënnt e klengen Erzielatelier statt.


Konzept, Erzielung: Betsy Dentzer
Musek: Luc Hemmer
Regard extérieur, Begleedung: Milla Trausch
Produktioun: Theater Traverse a.s.b.l.

Empfehlungen