Wat koum fir d'éischt: d'Ee oder d'Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëtz bréngt hatt an der Bomi hiren Héngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d'Chica Loca, d'Elizabeth an d'Madeleine, mee net d'Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D'Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwer d'Joren zu enger eenzegaarteger Sammlung zesummendréit.

E poetescht an humorvollt Stéck iwwert d'Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.

Iddi a Spill: Luisa Bevilacqua
Regie: Linda Bonvini
Luuchten: Nico Tremblay
Fotosrechter: Literarische Hühner, Fotografien von Beth Moon. Elisabeth Sandman Verlag
Produktioun an Diffusioun: Rotondes
Kreatioun: Mee 2018 um Marionettefestival zu Toodler