Eng Handvoll Sonn

En Owend iwwer de Willy Goergen

Nieft dem Michel Lentz an dem Michel Rodange ass de Willy Goergen den drëtten Dichter op dem Podium vun eiser nationaler Literatur.  Hie gouf 1867 am Staffels-Haus zu Steesel gebuer an ass sengem Heemechtsduerf bis zu sengem Dout am Joer 1942 trei a verbonne bliwwen. Seng Virfare ware vun Nidderaanwen. Hie war "docteur en philosophie et lettres" a Professer am Stater Athenäum.

De Georges Calteux féiert duerch den Owend a schwätzt iwwer dem Willy Goergen säi Liewen, de Pierre Puth iwwer säi Wierk, de Jang Ensch iwwer de Stammbam vun der Famill Goergen. D'Sylvia Nels an de Jos Schartz droe Gedichter vir, déi si selwer vertount hunn a sange Lidder vum Lou Koster a vum Albert Thorn.

Virtrag: Georges Calteux, Pierre Puth, Jang Ensch
Musek: Sylvia Neis, Jos Schartz