SCHULVORSTELLUNGEN
Donnerstag, 19.03.2020: 9h00, 10h30
Freitag, 20.03.2020: 9h00, 10h30 et 14h30
Montag, 23.03.2020: 9h00, 10h30
ÖFFENTLICHE VORSTELLUNG
Sonntag, 22.03.2020: 10h30
Tarif
10 €
Ermäßigter Tarif
6 €
Schulklassentarif
5 €
Alter
2-6 Jahre
Dauer
+/- 35 Minuten
Sprache
ohne Sprache
An der Fënster vun engem Kleederbuttek sinn zwee Mataarbechter am Gaang, d'Kleederpoppen un- an auszedoen an opzeriichten. Dobäi entstinn ëmmer nees nei Situatiounen, Frae, Männer, Kanner sti Säit u Säit, wiesselen hir Plaz, stinn a Gruppen, beobachte sech a versiche sech sou sech ze verstoen.
Den Andrea Buzzetti, zesumme mam Lorenzo Monti, begeeschtert op en Neits déi kleng Spectateuren, dës Kéier mat engem Stéck zum Thema Famill. Mat vill Fangerspëtzegefill a ganz kandorientéiert, ginn déi zwee Schauspiller der Fro no, wat Famill alles heesche kann, ouni déi Fro awer einfach beäntweren ze kënnen.
Vum: Andrea Buzzetti
Spill: Andrea Buzzetti, Lorenzo Monti
Regieassistenz: Enrico Montalbani, Carlotta Zini
Beweegungen: Andra Burcâ
Kostümer: Tanja Eick
Co-Accueil mat de Rotondes (12-17.03.2020, www.rotondes.lu) an dem CAPE (24-26.03.2020, www.cape.lu).