Fenrir, de Risewollef

Musek- an Danztheater fir Kanner ab 8 Joer, Compagnie Kopla Bunz

Wou eng al Këscht ufänkt e magesche Soundtrack ze spillen, tauchen d'Helden Ask an Embla an eng längst verluere Welt op. Si verwandelen sech a Risen, a Gëtter an a sougenannte Monsteren, léieren dës vu bannen eraus ze verstoen. Mä wat ass eigentlech e Monster? Ass een e Monster oder gëtt een zu engem Monster gemaach? Fantasie oder Weltusiicht? Op alle Fall näischt fir schwaach Nerven! Dës ural nordesch Saga vum Fenrir, dem berühmte Wollef, hannerfreet Konzepter wéi Schicksal, Schold an Onschold, an erënnert eis un d'zyklesch Kraaft vum Liewen.

Fenrir, de Risewollef, ass déi zweet Produktioun vu KOPLA BUNZ. KOPLA BUNZ gouf am Summer 2016 vun der Saxophonistin Anais Lorentz, dem Sänger a Performer Jean Bermes an der Theaterregisseurin Ela Baumann gegrënnt. KOPLA BUNZ ass eng Plattform fir déi verschiddenst Presentatioune vu Musek, Danz an Theater am Dialog matenaner.
D'Ela Baumann ass fir hir Stécker scho méi wéi eng Kéier ausgezeechent ginn, sou mam junge-ohren-preis, dem YEAH! Young EARopean Award, dem YAMA-Publikumspräis an am Kader vum nationale Literatur-Concours.


Saxophon: Anaïs Lorentz
Tanz: Giovanni Zazzera
Kompositioun: Pierre Cocq-Amann
Inzeenéierung, Text: Ela Baumann
Choreographie: Ela Baumann, Giovanni Zazzera
Konzept: Ela Baumann, Anaïs Lorentz
Kostümer: Mélanie Planchard
Accessoiren: Audrey Dhyvert
Luchtekreatioun: Jean Lou Caglar
Produktioun: KOPLA BUNZ
Koproduktioun: 3CL, Rotondes, KHN, Trifolion Echternach, Prabbeli Wiltz, CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Centre culturel régional Dudelange "opderschmelz".
Mat der Ënnerstëtzung vun: Fonds stART-up - Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Fondation Indépendance

In Zusammenarbeit mit

Rotondes (Vorstellungen vom 24-27.01.2018, www.rotondes.lu)
Trifolion (Vorstellungen vom 25-26.02.2018, www.trifolion.lu)
Centre culturel régional Prabbeli (Vorstellungen vom 5-6.03.2018, www.cooperations.lu)
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbréck (Vorstellungen vom 18-19.03.2018, www.cape.lu)
Centre culturel régional Dudelange "opderschmelz" (Vorstellungen vom 14-15.10.2018, www.opderschmelz.lu)

Empfehlungen