Food Leaks

Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

"Du bass wat's du ëss!", sot emol ee méi oder manner gescheite Mënsch an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernäert sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?

Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothie fir déi Progressiv? Wann ëmmer alles esou einfach wier!

A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d'Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt. Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!

Nom groussen Erfolleg vu sengen Zikelalarm-Programmer hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zerwéiert Iech e spektakuläre Menü: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi "gutt a vill" grad esou wéi "Fräibéier" nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.