Frederick

Musek, Erzielung, Schauspill an Objeten, 3-6 Joer

Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d'Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d'Mais mussen Provisiounen fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Déi aner Mais froen hien „Ma wat méchs du do, aplaz eis ze hëllefen?", mä seng Äntweren bleiwen rätselhaft.

Hie sammelt schéi Faarwen, Sonn a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter; hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zauberen kann... hien ass e richtegen Artist!

D'Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht „Frederick" fräi als Musektheater adaptéiert. Eng Schauspillerin erzielt d'Geschicht mat Objeten a mat Schietprojektiounen. E Pianist an eng Violonistin begleede si dobäi an interpretéieren déi 27. Sonat vum Mozart.

Fräi nom Leo Lionni sengem Billerbuch an dem Mozart senger 27. Sonat fir Gei a Piano, Sol Majeur, K379.



Konzept an Inzenéierung:
Francis Schmit
Spill: Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei), Renelde Perlot (Erzielung, Schauspill) 
Musikalesch Adaptation an Direktioun: Franz Leander Klee
Bühnebild a Luucht: Romain Stammet
Kostümer: Peggy Wurth
Spezialeffekter (Schnéi): Céline & Rüdiger Leuchter
Berodung: Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie)
Produktioun: La Compagnie du Grand Boube
Koproduktioun: CAPE, Théâtre d'Esch, KHN
Ënnerstëtzung: en cours
Illustratioun: Marla M.
Kreatioun: Juni 2019