Fréier wor alles

En zäithistoresche Réckbléck bis an d’60er vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

An hirem sozialkritesche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op fréier zréck. Wéi d'Zäite sech änneren, heescht et. An dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mär lafen dem Fortschrëtt hannendrun. Iwwerhuele mer en eng Kéier? Oder ass de Fortschrëtt eis ëmmer e Schrëtt viraus?

Deen neie Programmm - als kabarettistesch Liesung - ass eng ofwiesslungsräich, satiresch Chronik bis an d'6oer. Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmmen opgewiermt, mee mat Aktuellem opgekacht: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming. A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren ...

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

Liesung: Jhemp Hoscheit
Musék: Jules Arpetti