Gedicks
Dicks / Claude Fritz
DATUM
Sonntag, 16.12.2018: 17h00
Tarif
16 €
Ermäßigter Tarif
11 €
Dauer
+/- 120 Minuten
Sprache
Luxemburgisch
En historeschen Ausfluch an d'Liewe vun eisem Nationaldichter, dem Dicks, zesummegesat 1991 vum Josy Braun. E flotte Programm, lëschteg opbereet vum Claude Fritz an dem Paul Dahm, mat ville bekannte Lidder aus sengen Operetten an enger Rei vu senge flottste Gedichter.
DenTheater.lu freet sech drop sengem Publikum dem Josy Braun säi Programm an enger adaptéierter Form op eng sprëtzeg an amusant Manéier kënne virzestellen. De Schrëftsteller Josy Braun, e groussen Dicks-Kenner, hat ugangs den 90er Joren e Programm zesummegestallt iwwert den Dicks, mat deem hien deemools mam Danielle Wenner, dem Venant Arend an dem Robert Lamboray op bal drësseg Plazen am Land mat groussem Succès opgetrueden ass.
Et spillen a sangen: Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Marcel Hamilius, Gérard Heinen
Regie: Claude Fritz
Piano: Paul Dahm
Produktioun: Den Theater.lu