Museksgaart

Workshop fir Kanner vun 3 bis 5 Joer mat Begleedung

All Kand ass musikalesch! D'Kanner vun 3 bis 5 Joer entdecken zesumme mat engem Erwuessenen (Elteren, Grousselteren, ... ) d'Musek an all hire Facetten. Mir sangen, spillen an danzen, an d'Kanner kënnen hier éischt Erfahrunge mat Instrumenter sammelen. Duerch Bewegung a rhythmesch Spiller erliewen déi Kleng an déi Grouss d'Musek op eng aner Aart a Weis. De Spaass an d'Freed beim Entdecken a Maache vun der Vilfalt vun der Musek stinn am Mëttelpunkt.

D'Catherine Hengesch ass Educatrice an huet d'Qualifizéierung „Elementare Musikpädagogik" vun der Akademie Remscheid. D'Catherine Hengesch ass selbstänneg am Beräich Musek maache mat Kanner („Museksgaart") an ass Dirigentin vum Kannerchouer Dikricher Sollebutzen a vum Kanner- a Jugendchouer Helvetia.