Museksgäertchen

E musikaleschen Workshop fir Kanner vun 12-36 Méint mat Begleedung

All Kand ass musikalesch! D'Kanner vun 12 bis 36 Méint entdecken zesumme mat engem Erwuessenen (Elteren, Grousselteren, ... ) d'Musek an all hire Facetten. Mir sangen, spillen an danzen, an d'Kanner kënnen hir éischt Erfahrunge mat Instrumenter sammelen. Duerch Bewegung a rhythmesch Spiller erliewen déi Kleng an déi Grouss d'Musek op eng aner Aart a Weis. De Spaass an d'Freed beim Entdecken a Maache vun der Vilfalt vun der Musek stinn am Mëttelpunkt.

D'Catherine Hengesch ass Educatrice an huet d'Qualifizéierung "Elementare Musikpädagogik und Rhythmik"
vun der Akademie Remscheid. Si ass selbstänneg am Beräich Musek maache mat Kanner ("Museksgaart").