Oh... du do uewen, deem seng Hand

Véier Eenakter vum Ian De Toffoli, Olivier Garofalo, Nico Helminger a Jeff Schinker

Oh du do uewen, deem seng Hand ass een Theaterowend, mat véier kuerzen Theaterstécker op Lëtzebuergesch. D'Schauspiller wiesselen am Laaf vum Owend vun enger Roll an déi aner a bidden eis duerch hiren dynameschen Ëmgang mat den Texter vill Iwwerraschungen. Wa mir éischter gewinnt sinn déi klassesch Mythen op Däitsch, Franséisch oder Englesch ze liesen oder ze gesinn, esou ass et hei fir d'éischte Kéier, dass een dës Stécker an enger moderner Fassung op Lëtzebuergesch kucke ka goen.

Am éischte Stéck vum Olivier Garofalo mécht de Kinnek Ödipus alles, fir der Muecht vum Schicksal mat sengem fräie Wëllen entgéint ze wierken. Dem Ian De Toffoli seng Adaptatioun vu Medea gräift eng Situatioun op, déi bei ville Leit batter Erënnerungen erwächt. Wat maachen, wann d'Léift een net méi dréit a wann ee gezwongen ass, sech vun engem Mënsch ze trennen, mat deem een eng Zäit alles gedeelt huet?

Den Nico Helminger gräift déi tragesch Geschicht vum Phedra senger Léift fir säi Stéifjong Hippolytus op a verankert d'Erzielung an engem Personnage, dee virdrun eng Nieweroll gespillt huet: dem Aricia.

Am Jeff Schinker sengem Theseus kommen den Téit an den Dip an engem ranzege Cabaret zesumme fir ee leschten Humpen ze drénken. Si probéieren erauszefannen, ob et un der Zäit ass eng Revolutioun unzestëften, oder ob et awer besser ass, wéi den Theseus mengt, alles ze vergiessen... esou guer den Text, d'Luucht an den Dekor.

Bei dësem Theaterowend fir all Alter dierf ee vill laachen, e bësse kräischen, an sech hoffentlech oft vun deenen eenzele Stécker iwwerrasche loossen!


Mam: Eugénie Anselin, Nora Koenig, Raoul Schlechter, Pitt Simon
Regie: Thierry Mousset
Dramaturgie: Claire Wagener
Bühn a Kostümer: Peggy Wurth
Beliichtung: Pavla Beranova
Video: Lubos Zbranek
Technesch Leedung: Pascal Klein
Koproduktioun: Kasemattentheater, Théâtre d'Esch, Kinneksbond Mamer, CNL

Empfehlungen