Shoes

Spektakel vun der Cie la tête à l’envers, 3-6

Hutt dir iech schonn eng Kéier virgestallt, dass all puer Schong e Charakter huet? Sandalen, déi verspillt sinn; Stiwwelen, déi schonn e puer Alters- oder Laachfalen hunn; Talonsschong, déi mat hire spatzen Ecken e bësse geféierlech ausgesinn? D'Simone an d'Solange si Schousterinnen, déi all Schong mat Léift reparéieren an dobäi vill Fantasie hunn! Déi zwou Dammen erwächen d'Charaktere vun hire Schong zum Liewen, an dobäi brauche si mol keng Wierder.

Regie: Anne-Claire Van Oudenhove
Regieassistenz: Adélaïde Huet
Schauspill: Melissa Leon Martin & Stéphanie Mangez
Bünebild: Sylviane Besson
Kostümer: Perrine Langlais
Luucht: Clément Papin
Toun: Antonin De Bemels
Bléck vu baussen: Audrey Dero & Sylvie Baillon

Spectacle réalisé avec l'aide du Théâtre de la Guimbarde, du Centre Culturel d'Eghezée, du Centre Culturel de Gembloux, du Foyer Culturel de Perwez, du Centre Culturel de Waremme, du Centre culturel de Wanze, du Service Culturel d'Ixelles, du Tas de Sable Chès Penses Vertes à Amiens.