Tony Tintinger

Ausstellung von Tony Tintinger

Den Tony Tintinger, Stärekach a Grënnungspresident vum Fotoclub Niederanven, ass och als Fotograf fir seng Natur-, Déieren- a Foodfotografie bekannt.

Säin eenzegaartegen Stil, fir déi him beléifte Liewensmëttelen an d'Liicht ze setzen, dëst nom Virbild vum berühmte Moler Michael Angelo Caravaggio, deen seng Biller am 16. Joerhonnert och mat spezielle Liichter a Schieter gemoolt huet, zeechent seng Fotografien aus. Seng Passioun ass et, d'Uebst a Geméis duerch d'Liicht a Schied ervirstiechen ze loossen an hinnen esou méi Bedeitung ze ginn. Kee Motiv kann deemno zweemol genee d'selwecht realiséiert ginn.