Um Holzwee?!

Annick Sinner

Nieft den lllustratiounen vu Kannerbicher schafft d'Annick Sinner vill am Beräich vum Figurentheater. Hatt baut seng Poppen, Dekoren a seng Bühn selwer a schaaft sech a senge klengen a grousse Spectateuren doduerch ganz eege Welten.

D'Holz ass sou zu enger klenger Leidenschaft vum Annick Sinner ginn, well et en immens villsäitegt Material ass. Et richt gutt, et ass stabil, et kann op d'Mooss geschnidde ginn, et ka bemoolt ginn, et kënnen Elementer ugeschrauft ginn, dass et fest bleift oder sech awer beweege léisst. Et kann een et schläifen, ausschnëtzen oder einfach Toile dropneelen. Sou entsteet eng Déift, e Raum an enger Këscht an domat eng nei Geschicht.