Wann dat alt riicht ausgeet!

Réckbléck op 2017 vun a mam Roll Gelhausen

Et geet vun aktuelle politeschen Themen bis bei al, awer schonn nees aktuell Geschichten, vu sozial a kritesch bis kritesch awer sozial, vu Réckbléck op dat wat eis déi lescht Zäit beweegt huet bis bei Prognose wat eis nach erwaart. Vu satireschen Versen iwwert zynesch Prosa Texter bis zu skurrille Kuerzgeschichten. An dat alles vu Witzeg bis Eescht.

Dës Liesung sollt wa méiglech Emotiounen ervir ruffen déi vu Schmunzelen iwwert Laachen bis zum kräische goe kënnen.

Begleet gëtt dat Ganzt vun engem Museker. An dat geet vu Christophe Reitz bis bei Paul Dahm.

E Programm fir jiddereen: Vu Jonk bis al.

Vun a mam: Roll Gelhausen
Musikalesch Begleedung: Christoph Reitz, Paul Dahm