DIY & more Dalila Kamunga - E Flip Book selwer maachen

Dalila Kamunga - E Flip Book selwer maachen

D’Dalila Kamunga ass eng lëtzebuergesch Videoastin a Fotografin an ass bei eis am KHN als freelance Workshopleederin täteg. Hatt gëtt Coursen am Beräich Fotografie a (Kuerz-)Filmer fir Kanner.

Stell dech kuerz vir.
Ech sinn d'Dalila a maache gäre Videoen a Fotoen. Ech hu wärend dräi Joer zu London Visual Arts
studéiert an hu viru kuerzem fënnef Méint fir den Luxembourg City Film Festival geschafft.

Wat begeeschtert dech un der Fotografie?
Wat mech un der Fotografie begeeschtert, ass dass een eng Geschicht an enger Foto erziele kann. Wann ee Videoe mécht, dann huet ee vill méi Zäit fir eppes z'erzielen, mee an der Fotografie huet een nëmmen eng Foto ze gutt fir säi Message ze deelen. Et ass en Challenge, mee wann een et hikritt, dann ass et wierklech zefriddestellend.

Wou fënns du deng Inspiratioun?

Meng Inspiratioun fannen ech a Gespréicher, déi ech mat menger Famill a Frënn hunn, a Filmer oder Serien déi ech kucke kann, a menger Ëmwelt, wann ech se beobachten an och an aner Kënschtler, déi ech studéiert hunn.

Wéi editéiers du deng Videoen / Fotoen?
Ech beschaffe meng Videoe mat Premiere Pro (an After Effects wann ech et brauch) a meng Fotoe
beschaffen ech entweeder mat Lightroom oder Photoshop.

Wat wëlls du onbedéngt eng Kéier realiséieren?
Dat halen ech fir mech.  ;-)

Downloads