Bastel dir däin Instrument!

Workshop d'art et de musique pour enfants de 6-9 ans

Hues du Loscht däin eegent Museksinstrument ze bastelen?
Eppes fir dran ze blosen, drop ze klappen oder ze zupfen, alles ass méiglech an du däerfs et esou gestalte wéi et dir gefällt. Op gréng oder blo, op Këscht oder Rouer, du kanns selwer entscheede wéi däin Instrument herno ausgesäit a kléngt. Wanns du tëschent 6-9 Joer hues, da mell dech un a verbréng e flotte Nomëtteg mat anere Kanner a bastel dir en Instrument.

D'Monique Kellen huet e Master an der Musekspädagogik an der Schwäiz gemaach a gëtt Coursen am Conservatoire du Nord, zu Péiteng a bei der UGDA fir den déiwe Blech a musikalesch Fréierzéiung.