Béierdeckels- gespréicher

De neie Solo-Kabaretsprogramm mam Jay Schiltz

DATEN
Donneschdes, 13.10.2016, 20h00 (Premiere)
Freides, 14.10.2016, 20h00
Sonndes, 16.10.2016, 17h00
Donneschdes, 20.10.2016, 20h00 (complet)
Freides, 21.10.2016, 20h00 (complet)
Sonndes, 23.10.2016, 17h00



Keng Politik? Oder dach! Oder grad!

No ronn dräi Joer Paus kënnt de Jay Schiltz zeréck op d'Kabaretsbühn. "Meng kabarettistesch Faaschtenzäit ass eriwwer", seet hien, "ët gëtt vill ze soen an ze kommentéieren, net nëmmen an der Politik. Eis Gesellschaft ass krank, mir steieren a Gedanken, Wieder a Wierker poulriicht an eng nei Katastrof. Ëmdenken, esou laang et nach geet, och wann dat fir vill net einfach ass. Humor ass, wann een trotzdem laacht."


Vum a mam: Jay Schiltz