Casa

Luisa Bevilacqua, 2-4 Joer

cAsA?! Wat ass eng cAsA?

En Haus, mat zwou Fënsteren an engem spatzen Daach.
An dobanne wunnen eng, zwou, dräi, oder souguer méi Geschichten!
Déi eng, di séngt, déi aner di spréngt, an déi lescht geet spazéieren. D'Dier geet op, an do ass se schonn...

En einfachen a lëschtegen Erziel-Moment fir déi ganz Kleng, wou Geschichten eran an eraus spazéiert kommen.

Mam: Luisa Bevilacqua