SCOLAIRES
Cycles 2-4
Jeudi, 23.01.2020: 9h00, 10h30
Vendredi, 24.01.2020: 9h00, 10h30 et 14h30
Jeudi, 30.01.2020: 9h00, 10h30
Vendredi, 31.01.2020: 9h00, 10h30 et 14h30
TOUT PUBLIC
Dimanche, 2.02.2020: 10h30
Tarif
10 €
Tarif réduit
6 €
Tarif Kulturpass
1,50 €
Âge
A partir de 6 ans
Durée
+/- 40 minutes
Langue
Luxembourgeois
D'Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach
zu Biermereng am Feld;
„Wéi schéin, denkt se, ass d'Liewen dach,
wéi gutt ass 't op der Welt."
Wien kennt se net, des Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen an dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech schnell zu engem echte lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land- an der Stadmaus an ee lëtzebuerger Kontext ze setzen.
An enger Welt, wou mir eigentlech „Alles" kënnen hunn, wou vill ënnerschiddlech Liewensstiler méiglech sinn, wou déi individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung eng grouss Wichtegkeet huet, wou mir de Choix hunn - l'embarras du choix - ass d'Thematik vun dëser Geschicht brandaktuell. Wat passt dann elo bei mech, wat gehéiert zu mir, wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou - a net mäi Noper oder meng Frënn, meng Famill oder mäi Partner - wat mécht MECH frou?
Handpoppen, Accessoiren, Bühn, d'Kusinn Mim: Annick Sinner
Musek (Kompositioun a Spill, Saxophon Sopran), d'Maus Kätti: Nadine Kauffmann
Mise en scène a Luuchtekreatioun: Martine Conzemius
Photokredit: Annick Henricy
Kostümer: Toile Si-Re
Produktion: Toile Si-Re a.s.b.l., op Commande vum Ministère de la Culture