De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si wibbeleg

Eng grouss musikalesch Party fir Kanner vu 4-8 Joer

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg and let me tell you: Si si wibbeleg ! Aus de ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, di di kleng Piraten un d'Wibbele kréien : Danzen, sprangen, sangen...Haaptsach gutt Laun.

Och d'Madame Li wëll, dass hir Matrousenband eppes fir d'Figur maachen a nees gutt fit an a Form sinn.

Di erfollegräich Iddi, fir flott Lannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt a danzt mat eis, Ei, dat gëtt e Spaass!

Iddi, Konzeptioun a Gesang: Dan Tanson
Arrangementer, Piano, Akkordeon a Klackespill: Georges Urwald
Arrangementer, Elektronik a Getrommels: Max Sauber
Gittar: Christian Peckels
Bassgei: Tom Wiot
Trompett: Jhang Kohnen
Gei a Gesang: Noémie Leer
Saxophonen: Jessica Quintus
Trombonn: Patrick Wilhelm
Gebärden: Véronique Steinmetz
Tountechnik: Georges Majerus
Luucht: N.N.
Produktioun: AllerRetour asbl & Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun: Théâtre d'Esch, Centre culturel régional Aalt Stadthaus Diffredange