Kappkino

Claudine Muno / Dan Tanson, Openscreen asbl., 13+

"Ech gesi wéi meng Mamm d’viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet. Si geet fir d’éischt eraus an da kënnt mäi Papp hir no, éier si d’Dier hannert sech zouzéien. An dann - dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt - héieren ech wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréint." 

Mir huelen Iech mat op eng KlangRees duerch déi eng Nuecht, jo, genau déi, wou d'Elteren fort ginn. Sidd ganz Ouer, lauschtert d’Geschicht, verfollegt déi sensibel Audio-Inzenéierung déi live virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn. 

Kappkino geet duerch d‘Ouer an d‘Gehiir. Et ass alles live, all Toun, all Wuert gëtt live op der Bühn gespillt. Mä déi Bühn kann ee just erahnen, et spiert ee Präsenzen, heiansdo gesäit een eng Beweegung mä d‘A gëtt net gefiddert, d‘Haaptsach leeft iwwert d‘Ouer an de Kapp of. Eréischt ganz zum Schluss, wann d‘Nuecht eriwwer ass, gesäit een wat een déi ganzen Zäit héieren huet, an d‘Biller am Kapp stëmmen oft net mat der Realitéit iwwereneen.

Text: Claudine Muno
Erzielerin: Betsy Dentzer
Mise en scène: Dan Tanson
Score: Nataša Grujović (Akkordeon), Michel Feinen (Perkussioun an Objeten)
Technik: N.N.
Iddi a Produktioun: Tanja Frank
Produktioun: Openscreen asbl.
Koproduktioun: Centre culturel régional Dudelange opderschmelz, CNA - Centre national de l'audiovisuel Dudelange
Mat der Ënnerstëtzung vun: Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Ministère de la Culture, Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster