Musekskarussell

Workshop de musique pour enfants de 3 à 6 ans avec accompagnement

D'Kanner vun 3-6 Joer ginn zesumme mat hiren Elteren op eng Entdeckungsrees an d'Welt vun der Musek matgeholl. Déi natierlech Begeeschterung a Faszinatioun fir d'Musek déi an all Kand stécht, entdecken se duerch Musizéieren op Instrumenter, Sangen, Beweegung a vill Kreativitéit. Kleng a Grouss kënne Musek mat alle Sënner erliewen an dobäi ass dat Wichtegst op dëser Rees an d'Welt vun de Kläng a Rhythmen zesumme Spaass ze hunn.

D'Monique Kellen huet ee Master an der Musekspädagogik an der Schwäiz gemaach a gëtt Coursen am Conservatoire du Nord, zu Péiteng a bei der UGDA fir den déiwe Blech a musikalesch Fréierzéiung.