Produktioun Nr. 1 - Die Lügen der Papageien

Volléksbühn / Jacques Schiltz

Den Tatortkommissär Wolfram Koch, deen alt heiansdo och emol Theater mécht, kënnt op Lëtzebuerg fir an der éischter Produktioun vun der Volleksbühn d'Haaptroll ze spillen. D'Schauspillerin Anouk Wagener huet him e Stéck op de Läif geschriwwen, een ergräifend-tragikomesche Monolog iwwert de Schauspiller, seng Ofgrënn an iwwert d'Welt vum Theater.

Dëse Monolog verlaangt no enger immens intimer Kommunikatioun tëscht dem Acteur an dem Public, wat et praktesch onméiglech mécht, den Text ouni Public ze prouwen. Dofir huet d'Volleksbühn sech dozou entscheet, bis zur Uropféierung e groussen Deel vun de Prouwen ëffentlech ze maachen. Ob et jeemools zu enger Première komme wäert steet nach net fest, dofir kommt besser elo laanscht...

Mir invitéieren Iech häerzlech, Iech d'Entwécklung vun dësem grousse Projet unzekucken, an eventuell Äntwerten op folgend Froen ze fannen: „Wien oder wat ass d'Volleksbühn?" a virun allem: „Wat wëlle mer iwwerhaapt?"

Einen vielversprechenderen Auftakt für diese Initiative hätte man sichalso kaum vorstellen können. Nach siebzig Minuten Tralala, Blabla und dem ernsten Rest dazwischen hat man beim Applaus den Eindruck, dass hier etwas zu sich gefunden hat - wie die Faust aufs Auge, wie "ee Stéck Schäiss" auf die Luxemburger Bühne. Mal schauen, wen oder was das Quartett für sein zweites Projekt dort hinaufhievt. Vielleicht wird in
den folgenden Produktionen der Verweis auf die Berliner Volksbühne dann nicht nur ein Gruß an den viel größeren Bruder sein, sondern - hoffen wir's! - auch eine programmatische und poetische Weiterführung. Samuel Hamen, d'Lëtzebuerger Land


Duersteller: Wolfram Koch
Text: Anouk Wagener
Regie: Jacques Schiltz
Oeil extérieur: Tom Dockal
Produktioun: Anne Simon
Visuel: Misch Feinen
Nom Stéck vum Andreas Marber
© Aufführungsrechte beim S. Fischer Verlag, Frankfurt am Main