Rotkäppchen (reporté en 2021)

Erzieltheater mat Objet'en a Live-Musek, 4-9

E Meedchen
E Bësch
Eng Rees
E Verspriechen dat gebrach gëtt
E roud Duch
E Messer
Stëng

Wollef pass op !

D'Geschicht hält sech un d'Virlag vun de Bridder Grimm. D'Stéck gëtt matt Sprooch, Live-Musek, Schauspill an e puer ausgesichten Objet'en erzielt. D'Musek, di eng grouss Wichtegkeet am Erliewe vum Stéck huet, verstäerkt net nëmmen d'Biller emotionell, mais ass selwer Motor am Fortgang vun der Geschicht. Esou entstinn fragil-schéin Amenter vu grousser Intensitéit.

Di minimalistesch mise-en-scène inspiréiert sech un den traditionnelle Formen vun der asiatescher Erzielkonscht. Dëss einfach Form vum Spill erlaabt de Kanner en onverfälschten Zougang zu den Emotiounen an der Geschicht.

D'Mëschung vun Erziel-, Objet- a Musektheater léisst den Zuschauer vill Raum fir hier eege Phantasie an iwwerrascht ëmmer nees mat neie Formen.

Auteuren: die Gebrüder Grimm, Charles Perrault
Spill: Daniel Tanson, Michel Boulanger
Regie: Astrid Howard
Dramaturgie an Objet'en: Daniel Tanson
Musek (Kompositioun a Spill): Michel Boulanger
Technik: Astrid Howard/Josette Feinen
Bünebild: Daniel Tanson, Michel Boulanger
Bünebau: Koen Raas
Produktioun: E 411VZW, Chantier mobil, TRAFFIK THEATER