
Litterature

07.12.11
Den Ali Baba an der Téistuff
20h00
Normal: 10 EUR
<27: 5 EUR
Kulturpass: 1.5 EUR
Mëttwoch, 7. Dezember 2011 um 20h00
Konzept an Erzielung vum Betsy Dentzer
op Lëtzebuergesch
Bauchdanz: Salome a.s.b.l.
Alter: 15-99 Joer
Schon déi jonk Wesirsduechter Scheherazade huet an dausend an enger Nuecht de Sultan mat senge faarwege Geschichte verzaubert, déi vun Aarm a Räich, vu Gold a Sëlwer, vu Kinnek a Raiber erzielen. Märercher zwar, mä amfong net fir Kanner geduecht.
Dausend an eng Nuecht brauch d’Betsy Dentzer net, fir Iech vum Scheherezade senge Gestalten ze erzielen, mä ee ganz besonneschen Owend geet duer. Do verwandelt d’Kulturhaus sech an eng orientalesch Téistuff an eng Bauchdänzerin deet Iech no Oste reesen, an déi Länner, wou Mueres d’Sonn opgeet.
D’Betsy Dentzer, 1985 gebuer, ass no engem Studium vun der Sozialaarbecht an der Belsch op Berlin geplënnert. Do huet hatt un der "Universität der Künste" e "Master of Arts" an Theaterpädagogik a gläichzäiteg eng Ausbildung am "Storytelling" gemaach. Säit 2010 schafft hatt zu Lëtzebuerg an an de Nopeschlänner als fräiberufflech Theaterpädagogin an Erzielerin. Hatt bitt e.a Theaterprojeten a -coursen, Workshopen, Erzielstonnen a - spektakelen un. Seng Aarbecht riicht sech souwuel u Kanner a Jugendlecher wéi och un Erwuessener, z.B. am Beräich vun der professioneller Weiderbildung. Och mat Schoule schafft hatt gär zesummen. Seng éischt Bühneschrëtt als Erzielerin zu Lëtzebuerg huet d’Betsy Dentzer mat de Programmer Zapperlott, t’ass wéi verhext (Kulturhaus Niederanven, 2010) an E Kuerf voller Geschichten (TRAFFO_Chrëschtdeeg 2010) gemaach.
TICKETS: 10 / 5 (< 27 Joer) EUR
Kulturpass: 1,50 EUR
(00352) 26 34 73 1
info@khn.lu
www.khn.lu
Tickets: Tel: (+352) 26 34 73 1
per Mail: