De Maulef an d'Blimmchen
Jeune public

05.10.11 > 16.11.11

De Maulef an d'Blimmchen

14h30
Par élève: 4 EUR
Mëttwoch, 5. Oktober 2011 um 14h30 (Cycle 1 an 2)
Mëttwoch, 12. Oktober 2011 um 14h30 (Cycle 1 an 2)
Mëttwoch, 16. November 2011 um 14h30 (Cycle 1 an 2)

Liesung fir Kanner vu 5-7 Joer
Op Lëtzebuergesch
Dauer: 40 Minutten


"Ech brauch net gutt ze gesinn, fir ze wëssen, datt dës Blimmchen déi allerschéinsten a -leifsten ass!"

De Maulef huet eng nei Frëndin: déi kleng Blimmchen, déi direkt nieft sengem Hiwwel wiisst. Si ass zwar net esou schéi wéi déi aner Blummen, an hir Blieder si schon e bëschen ugeknabbert, mä fir de Maulef ass si déi allerschéinsten a -léifste Blumm, déi et op der Welt gëtt. Déi zwee verbréngen e schéine laange Summer mateneen a ginn déi allerbeschte Frënn. Mä wéi den Hierscht kënnt an d’Blumm ëmmer méi wieleg a schwaach gëtt, mussen déi zwee onzertrennlech Frënn sech Äddi soen. Ob d’Hoffnung besteet, dass si sech nach eng Kéier erëmgesinn, dat gëtt elo hei net verroden.
D'Tanja Brück erzielt an hirem éischten Kannerbuch wonnerschéi, poetesch an ergräifend iwwert Frëndschaft, Trennung an Hoffnung. D’Geschicht gouf mat ganz vill Léift vun der bekannter, däitscher Illustratorin Dorota Wünsch a Biller ëmgesat.

D'Tanja Brück gouf 1976 zu Lëtzebuerg gebuer a schafft zënter 1999 als Léierin an der Stad Lëtzebuerg. 2003 huet si d’Manuskript vum Maulef an der Blimmchen geschriwwen, mä eréischt 2009 huet si sech getraut, d’Manuskript un d’Éditions Binsfeld ze schécken, déi et direkt ugeholl hunn. Momentan schafft si un hirem nächste Kannerbuch.

RESERVATIOUNEN: 4 EUR pro Schüler (Begleeder gratis)
(00352) 26 34 73 1
info@khn.lu
www.khn.lu

Tickets: Tel: (+352) 26 34 73 1
per Mail:
de | fr
Recherche
Kanner- a Schoulvirstellungen

Dir sidd Enseignant(e), Educateur(trice), Assistant(e) parental(e) o.ä. a wëllt informéiert ginn iwwert eis Kanner- a Schoulvirstellungen?
→ plus
 
Ministère de la Culture
Niederanven