Concert interactif pour enfants (3-10 ans) et toute la famille en langue luxembourgeoise en collaboration avec les Jeunesses Musicales du Luxemburg asbl.
Wann ee Musik lauschtert, kann dat déif an d'Ouer goen. Eng Melodie ka sech am Kapp festsetzen. Si kënnt ëmmer erëm an dir, léif Kanner, summt oder päift se a vläit entsteet dobäi eng ganz nei Melodie. Sou geet et och dem Komponist. Dat ass een, deen Téin op de Pabeier bréngt, andeems hien déi Téin an Nouten ëmsetzt. Mä domadder geht et net duer. Et mussen der nämlech och ginn, déi déi Melodie spillen. Am Fall vun den Troaterbattien sinn dat Leit, déi an en Instrument blosen an domadder en Toun produzéieren. Dës Blosinstrumenter kënnen aus Holz oder aus Blech sinn, si kënne grouss oder kleng sinn, héich oder déif spillen. Firwat en Instrument iwwerhaapt en Toun vu sech gëtt, wëlle mir iech op eng lëschteg Manéier erklären. Kannermusek an Kannerlidder, wou dir matmaache kënnt, stinn och um Programm. An nom Concert kënnt dir e Molbuch kréien, an deem dir d'Instrumenter an d'Museker nach besser kenneléiert. D'Troaterbattien freeën sech drop, mat iech ze spillen an ze sangen.