Rout, giel a blo... an elo?
Jeune public

02.11.11 > 03.11.11

Rout, giel a blo... an elo?

14h00 – 16h00
Inscription: 20 EUR
Mercredi et jeudi: 14h00-16h00
18 et 20 octobre 2011: pour enfants de 6-9 ans
2 et 3 novembre 2011: pour enfants de 10-13 ans


Workshop pour enfants sur le monde multicolore des couleurs
avec Annick Feipel


Léier, zesumme mam Annick Feipel, wéi ee verschidde Faarwen mësche kann a wat doraus Spannendes entstoe kann!
Wéi entstinn d’Faarwen gréng, orange oder souguer brong? Wat kann ee mat Faarwen ausdrécken? Wat bedeiten si a wat fir eng Wierkung hu si op eis? Firwat si verschidde Saachen ëmmer rout an anerer sinn ëmmer schwaarz oder giel?
Froen iwwer Froen…, op déi mir zesummen eng Äntwert sichen.

Am Atelier fir déi méi Kleng (6-9 Joer) weist d’Annick Feipel wéi ee Faarwen mësche kann an ëmmer nees neier entstoe loosse kann. Wat si waarm a wat si kal Faarwen? Fënns du déi richteg Mëschung eraus?

Am Atelier fir déi Grouss (10-13 Joer) fuersche mer am Faarwespektrum a léieren wat Faarwen beim Mënsch ausléisen a firwat mer se brauchen. Wat bedeit de Faarwekrees a wat si komplementar Faarwen? Ass eng Faarf onendlech? Wéi huelen mir d’Faarwen wouer?
Lauter spannend Froen, déi mir unhand vu flotte praktesche Beispiller beäntweren.

Maach mat an dësem Atelier a léier dech ze verléieren an enger konterbonter Welt voller Faarwen!

INSCRIPTIONS: 20 EUR (pour les 2 jours, matériel inclus)
(00352) 26 34 73 1
info@khn.lu
www.khn.lu

Tickets: Tel: (+352) 26 34 73 1
per Mail:
de | fr
Recherche
Kanner- a Schoulvirstellungen

Dir sidd Enseignant(e), Educateur(trice), Assistant(e) parental(e) o.ä. a wëllt informéiert ginn iwwert eis Kanner- a Schoulvirstellungen?
→ plus
 
Ministère de la Culture
Niederanven