Nach e Kuerf voller Geschichten
Litterature

10.01.12 > 12.01.12

Nach e Kuerf voller Geschichten

09h00
10h30
14h30
15h00
Elève: 4 EUR
Normal: 5 EUR
Kulturpass: 1.5 EUR
Schoulvirstellungen (Cycle 1 an 2.1):
Dënschdes, 10. Januar 2012 um 9h00, 10h30
Mëttwochs, 11. Januar 2012 um 9h00, 10h30, 14h30
Donneschdes, 12.01.2012 um 9h00, 10h30

Ëffentlech Virstellung (5-99 Joer): Donneschdes, 12. Januar 2012 um 15h00

Mam Betsy Dentzer: Erzielerin a Luc Hemmer. Marimba, Vibrafon
Eng Produktioun vum TRAFFO_Carré RotondesErzieltheater mat Musek
op Lëtzebuergesch
Dauer: 35 Min.


E Kuerf aus Stréi, gefëllt mat deene gelungenste Zaubersaachen a… Geschichten vu klenge Wonner a groussen Zaubereien, gesammelt uechter d’ganz Welt.
De Kuerf voller Geschichten, deen deen een oder anere vun Iech vläit nach aus de leschten "TRAFFO_Chrëschtdeeg" kennt, gouf nees bis uewen hi gutt gefëllt mat allerlee schéine, schlëmme, waarme, kalen, trauregen a witzege Wierder, erzielt op Lëtzebuergesch vum Betsy Dentzer a musikalesch verzaubert vum Luc Hemmer… e Kuerf voller Zauber- a Wantermärercher fir Grouss a Kleng.

D’Betsy Dentzer, 1985 gebuer, ass no engem Studium vun der Sozialaarbecht an der Belsch op Berlin geplënnert. Do huet hatt un der "Universität der Künste" e "Master of Arts" an Theaterpädagogik a gläichzäiteg eng Ausbildung am "Storytelling" gemaach. Säit 2010 schafft hatt zu Lëtzebuerg an an de Nopeschlänner als fräiberufflech Theaterpädagogin an Erzielerin. Hatt bitt e.a Theaterprojeten a -coursen, Workshopen, Erzielstonnen a - spektakelen un. Seng Aarbecht riicht sech souwuel u Kanner a Jugendlecher wéi och un Erwuessener, z.B. am Beräich vun der professioneller Weiderbildung. Och mat Schoule schafft hatt gär zesummen. Seng éischt Bühneschrëtt als Erzielerin zu Lëtzebuerg huet d’Betsy Dentzer mat de Programmer Zapperlott, t’ass wéi verhext (Kulturhaus Niederanven, 2010) an E Kuerf voller Geschichten (TRAFFO_Chrëschtdeeg 2010) gemaach.

RESERVATIOUNEN/TICKETS:
4 EUR pro Schüler (Begleeder gratis)
Ëffentlech Virstellung (12.01., 15h00
): 5 EUR, Kulturpass:1,50 EUR
(00352) 26 34 73 1
info@khn.lu
www.khn.lu

Virstellungen am TRAFFO_CarréRotondes: 26.12.2011: 15h00 ; 27.12.2011: 11h00 (www.traffo.lu)
Tickets: Tel: (+352) 26 34 73 1
per Mail:
de | fr
Recherche
Kanner- a Schoulvirstellungen

Dir sidd Enseignant(e), Educateur(trice), Assistant(e) parental(e) o.ä. a wëllt informéiert ginn iwwert eis Kanner- a Schoulvirstellungen?
→ plus
 
Ministère de la Culture
Niederanven