Kulturhaus Niederanven

Saison 2011/12

Mat dëser Brochure haalt Dir den neie Programm vum Kulturhaus Niederanven vu September 2011 bis Mäerz 2012 an den Hänn. Wéi déi Saison’en virdrun, bleiwe mir och dës Kéier eisem Konzept trei a bidde fir all Alter an all Goût qualitativ Spektakelen un.
2009 an 2010 konnte mir pro Joer ëm déi 9.000 Zuschauer a Visiteuren zielen, déi zu engem groussen Deel dozou bäidroen, dass d’Kulturhaus Niederanven säit senger Erëffnung virun eppes méi wéi dräi Joer sech en Numm an der Kulturlandschaft Lëtzebuerg konnt maachen. All deene Leit wëlle mir Merci soen, dass si ëmmer nees bei eis kommen an eis hiert Vertrauen schenken.
Dat encouragéiert eis, op dësem Wee wieder ze goen, ouni dobäi stoen ze bleiwen, mä mam Zil, eis weider ze entwéckelen, nei Pisten ze entdecken, mat deene mir hoffentlech och déi erreeche kënnen, déi nach net de Wee op Nidderaanwen an d’Kulturhaus fonnt hunn.
Mir wëllen e Kulturhaus sinn, dat fir jiddereen op ass a sech net op eng Grupp Leit oder een Alter beschränkt. An dësem Sënn erënnere mer ganz besonnesch déi Jonk bis 27 Joer an d’Besëtzer vum Kulturpass drun, vun eise Reductiounen ze profitéieren. Mir versichen awer och, déi Jonk aktiv anzebannen andeems mer jonk talentéiert Musekensemblen wéi de Mamer Klarinetteqartett (17.02.2012) op d’Bühn bréngen oder Theaterproduktiounen mat jonke Regisseuren a Schauspiller ënnerstëtzen, wéi Le rôle qui je suis (21.+22.10.2011) oder Pulcinella sur la lune (1.-5.02.2012).
Donieft bidde mir ëmmer nees Konscht-, Theater- a Gesangworkshopen un, fir all déi, déi nach net esou wäit sinn, mä déi einfach aus Interessi a Freed Neies entdecke wëllen oder déi sech an engem bestëmmte Beräich ënnert der Leedung vu Professionellen aus der Kulturszen weiderbilde wëllen.
Mir wëllen awer och d’Leit aus der Regioun abannen a freeën eis, wann dobäi flott Kollaboratiounen zustan kommen, wéi d’Ausstellung Respektive Perspektive, wou Kënschtler aus dem Institut St. Joseph vu Betzder an Nidderaanwen hir Konscht weisen a mat hirem Orchester Taka Tuka den 21. September d’Saison 2011/12 alauden.
Fir dës Saison wëlle mer ausserdeem op ee Concert hiweisen, deen e ganz besonneschen Highlight ass: Den A-Cappella-Ensemble Witloof Bay, deen dëst Joer zum Vertrieder vun der Belge beim "Eurovision Song Contest" gewielt gouf, trëtt de 27. November 2011 bei eis op. Ronderëm dëse Concert fënnt, an Zesummenaarbecht mat Witloof Bay a mat der INECC Lëtzebuerg, e Gesangworkshop statt, deen net ze verpassen ass...
An dësem Sënn wënsche mir Iech vill Freed an hoffen, dass mer Iech bei enger oder däer anerer Virstellung begréisse kënnen....

Nora Waringo
Coordinatrice

Annick Feipel
Communication/Presse et Réservations


Jessica Kipgen
Administration
de | fr
Recherche
 
Ministère de la Culture
Niederanven