D’Gëlle Fraen

Konzert

„Dir léif Leit,
Dir sicht no engem Owend voller Nostalgie an drolege Momenter? Da sidd Dir bei eis, de Gëlle Fraen, genee richteg! Mir Véier bréngen d'Essenz vun de glanzvollen Années folles zréck op d'Bün mat engem elegante Mix aus Musek, Pantomim an enger gesonder Portioun „sech selwer net ze vill Eescht huelen". An Dir gitt Deel vun dësem Spektakel.
Mee domat net genuch: Fir eist 10-järegt Jubiläum huet de lëtzebuergesche Komponist Marco Pütz eis e ganz neien a besonnesch gelongene Programm geschriwwen. „Golden Memories" ass inspiréiert vun der Musek an dem Geescht vun den 1920er Joren. Mat wonnerschéine Melodien, déi voller Rhythmus a Schwong sinn an d'Häerz beréieren, loosse mir Iech d'Opbrochstëmmung an dat fräit, frout, frecht Liewensgefill vun deemools, elo honnert Joer méi spéit, op eng erfrëschend Manéier materliewen. Mir freeën eis!"

Mam: Nadine Kauffmann (Saxophon), Lynn Orazi (Piano), Nancy Schlammes (Percussion), Martine Conzemius (Pantomime & Slapstick)