D'Geschicht vun engem Virus

Eng interaktiv Ausstellung fir Kanner vun 6-11 Joer

Déi interaktiv Ausstellung erzielt d'Geschicht vun engem Virus vu senger Entstehung bis hin zu senger Bekämpfung, dëst u Beispill vun engem Virus, den am Moment aus der Aktualitéit net méi ewech ze denken ass, dem Covid-19. 3 ënnerschiddlech Themeräim beschreiwen déi verschidden Etappe vun der Erkennung vun der Problematik bis hin zu der Léisung an der Ëmsetzung dervun.
D'Kanner ginn dobäi aktiv an d'Ausstellung mat agebonnen a ginn esou zu engem wichtegen Acteur, duerch den d'Geschicht vun der Ausstellung lieft. Et gi wëssenschaftlech Themen a Methodike vermëttelt, dës kënnen an dësem Kader och nach mat Workshoppe ënner der Leedung vun de Wëssenschaftlerinne vun „Déi kleng Fuerscher" verdéift ginn. Begleet gëtt d'Ausstellung vun engem explikativen an interaktive Katalog.

An Zesummenaarbecht mat: Déi kleng Fuerscher, DUKTOR Design Studio, Printing Ossa
Mat der Ënnerstëtzung vum FNR - Fonds national de la Recherche Luxembourg

Die Veranstaltung findet unter Berücksichtigung der von der Regierung im Rahmen der Covid-19 Pandemie verordneten aktuellen Hygiene- und Vorsichtsmaßnahmen statt.
Wir bitten Sie in diesem Sinne die Reservierungspflicht einzuhalten. Eine Teilnahme ohne vorherige Reservierung ist leider nicht möglich.

In Zusammenarbeit mit

www.deiklengfuerscher.lu

Empfehlungen