D'Goldie an déi 3 Bieren

Figurentheater mam Annick Sinner & Eric Falchero, 3 - 6 Joer

E grousse schwéiere breede Bier, e mëttelgrousse Bier an e butzeg klenge Bier wunnen an engem Haus am Bësch. An hirem Haus ass et ëmmer propper a schéi geraumt. Bis enges Daags e klengt frecht Meedchen un der Dier klappt...

Déi ganz einfach a repetitiv Geschicht vum Goldie an den dräi Biere gëtt mat Objeten a Figuren illustréiert. Si eegent sech fir déi ganz Kleng an déi Grouss. D'Erzielung gëtt musikalesch ënnermoolt vum Multi-Instrumentalist Eric Falchero. D'Annick Sinner, wat schonn e puer Mol beim Marionettefestival dobäi war, presentéiert dëst Joer 2 eege Stécker, déi an Zesummenaarbecht mat de Rotondes enstane sinn.

Konzept an Erzielung: Annick Sinner
Musek: Eric Falchero