D´Mina an déi vergiesse Melodie

Eng musikalesch Opféierung zum 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven

D'Mina wunnt an engem Schlass, an dem och schonn de Ludwig van Beethoven als Gaascht vum Fürst Lichnowsky gewunnt huet. Dem Mina säi Frënd Viktor, e faarweg a gutt gelaunt Fabelwiesen, wunnt scho zënter laanger Zäit um Schlass an huet de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert. Hien huet esouguer mat dem grousse Komponist musizéiert a gesongen a kann déi eng oder aner spaasseg Anekdot erzielen.
Wéi hien dem Mina seng Liblingsmelodie virsange wëll, weess hien op ee Mol net méi weider ...
Zesummen mat de Kanner siche mir déi vergiesse Melodie. Vläicht kann eis de Mound weiderhëllefen?
Fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven huet den Trio Dora an Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch a Jenny Spielmann eng musikalesch Opféierung kreéiert, an där d'Kanner d'Musek an d'Liewe vum Komponist op eng spilleresch Aart a Weis entdecke kënnen. Héierent an héiergeschiedegt Kanner ginn esou ermontert sich aktiv un der Sich no der vergiessener Melodie vum Trio No. 3 Op. 1 vum Beethoven ze bedeelegen. Wäerten si d'Melodie fannen?


Mam: Catherine Hengesch (Viktor) a Jenny Spielmann (Mina)
Musek: Annalena Castagna (Piano), Carole Mallinger-Leyers (Violine) an Yves Tordy (Violoncello)
Kënschtleresch Berodung: Betsy Dentzer
Gebäerdesprooch: Lynn Menster
Dekor a Kostümer: Michèle Tonteling
Produktioun: Mierscher Kulturhaus
Koproduktioun: Artikuss
Mat der  Ënnerstëtzung vun: Fondation Ind pendance, Fondation Sommer, Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région, Centre de Logopédie
Partner: Solidarität mit Hörgeschädigten

CovidCheck Veranstaltung