Dëppegéisser - VERSCHOBEN

GRATIS LIVE STREAM

LEIDER MUSSEN D`DËPPEGÉISSER DE CONCERT AUS GESONDHEETLECHE GRËNN (KEE COVID) VERRÉCKELEN. EN NEIEN DATUM GËTT SOU SCHNELL WÉI MÉIGLECH ANNONCÉIERT. MERCI FIR ÄERT VERSTEESDEMECH!

Am Joër 2005, wollten déi zwee Bridder Michel an Luc Musek zesumme maachen. Well si nach an zwou verschiddenen anere Band'en gespillt hunn (ILL? & Granny's Favouritz) wär dat e flotten Ausgläich.
Sou koum d'Iddi fir e lackeren an onageschränkten Projet an d'Liewen ze ruffen. Alles ass erlaabt an all Virschlag ass wëllkomm. D'Texter selbstverständlech op Lëtzebuergesch.
A wéi ass et zum Numm Dëppegéisser komm? Ma éischtens emol ass dat einfach e grandiosen Numm an zweetens ass e scho bal net méi unzetreffen.

Den Dëppgéisser ass e Beruff deen scho laang a Vergiessenheet geroden ass. Hien ass vun Duerf zu Duerf gezunn an huet de Leit hier Dëppen an d'Besteck gefléckt a gebotzt. Als Géigeleeschtung krut den Dëppegéisser eng Molzecht an eppës ze drénken. Si hunn sech geduecht daat wär et dach, just dat si keng Dëppe kenne flécken, mee si maachen dofir Musek an ënnerhalen d'Vollek.

Hier Musek ass einfach a witzeg (fanne si mol). Si huelen d'Leit e bëssen op d'Schëpp, halen de Spigel dohinn an huelen sech och selwer net ze eescht. Niewent deenen zwee Bridder, sinn och de Laurent(Bass) an de Bobby(Tromm) e feste Bestanddeel vun den Dëppegéisser ginn. Heiansdo stéisst emol deen een oder anere Musekant mat bäi wat an aller Hisiicht eng Beräicherung fir de Quartett ass. Bekannten an eegen Melodien mat eegenen, lëtzebuergeschen Texter.
Si hunn och schon dat eent oder anert Lidd am Radio gespillt an och den emolegen Velofuerer Kim Kirchen krut vun hinnen e Lidd geschriwen: Kim Kim Kimi Kirchen