Lët´z druddel!
Kabarettistesch Liesung mam Marc Weydert
DATUM
Freitag, 29.09.2023: 19h30
Dauer
+/- 60 Min.
Sprache
Luxemburgisch
No « Zerknujelt Geschichten » (Abrëll 2023) geet den Auteur elo mat senge Cabaret-Liesunge fir Erwuessener ënnert dem Titel "Lët'z druddel!" op den Tour. An enger décker Stonn presentéiert hie seng Texter, op Lëtzebuergesch, a Versform, a Verbindung mat bekannte Wierker aus der Literatur, awer och mat der Aktualitéit an der Gesellschaft, dat Ganzt mat engem staark ironeschen Ënnertoun.
Am Programm 2023 geet et natierlech ëm d'Walen, d'Superwaljoer, awer och ëm divers Klischeeën, de Reenert ass mat derbäi, d'Lëtzebuergeschkenntnisser vum Public ginn op d'Prouf gestallt an eng méiglech Suite vun der Maus Ketti däerf och net feelen.
Vun a mam: Marc Weydert