- Veranstaltungen
- Cabaret
- Programm
- 14+
Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet
Theater
Termine
Dieser Text existiert leider nicht auf Deutsch.
All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen…
Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?
Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z’erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.
Et spillen: Frédérique Colling a Jacques Schiltz
Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener a Maurice Sinner
Bün a Kostüm: Michèle Tonteling
Persoun mat Anung: Antoine Lazzari
Produktiounsleedung: Jill Christophe
Produktioun Independent Little Lies - ILL
Koproduktioun Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Kulturhaus Niederanven
Ënnerstëtzung Ministère de la Culture, Stad Esch-Uelzecht
Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies - ILL, a Koproduktion mam Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a mam Kulturhaus Niederanven. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Stad Esch-Uelzecht.
Infos über die Kompagnie
Independent Little Lies (ILL) ist ein interdisziplinäres Theaterkollektiv, das Theaterschaffende, Künstler*innen, Pädagog*innen und Kunstbegeisterte zusammenbringt. ILL wurde 1995 gegründet und ist seit fast 30 Jahren fester Bestandteil der luxemburgischen Kulturszene. Unsere Produktionen und kulturelle Veranstaltungen behandeln zeitgenössische sozial-politische Themen in den vier Hauptsprachen unseres Landes. Als Kollektiv unterstützen wir aufstrebende Künstler*innen aus unterschiedlichen Bereichen und geben ihnen die Möglichkeit, ihre Arbeiten zu vertiefen. Wir engagieren uns für erweiterte Zusammenarbeiten zwischen Künstler*innen und Produzenten aus Luxemburg und dem Ausland, für neue Formen der Produktionsentwicklung, sowie für gute Arbeitsbedingungen auf und hinter der Bühne.
Link
