Fête de la Musique

Och dëst Joer feiert d'Kulturhaus Niederanven zesumme mat lokale Veräiner d´Fête de la Musique. E Samschden, den 18.06.2022 fannen am Park vum Kulturhaus Niederanven (KHN) gratis Concerten a musikalesch Animatiounen fir all Alter statt.

12h00-13h15: REGIONAL MUSEKSSCHOUL SYRDALL (Niederanven)
D`Schüler aus dem Éveil musical, d'Klarinetteklass an 2 Ensembles instrumentaux aus der Museksschoul Nidderaanwen weisen hirt Können.

13h15-13h45: TOP FANFARE 
http://www.fanfare.top 

13h30: ATELIER D'INITIATION A LA MUSIQUE (20 min.)
en oppene Museksatelier mam Sarah Grün fir Kanner vun 2-5 Joer: Loosst ierch mat de Kanner verzauberen an eng farweg Welt voller Musék. Mat lauter Loftballons gëtt vill gedanzt an Musék gelauschtert. Mee wien as dann dat?! A wat huet hien do dobäi?! Kann een vielläicht domat Musék maachen?! Ah jo! dëst ass den Taro, ee ganz besonnege Kauz! Wann dir och esou gespaant sidd ewéi ech, dann kommt gäeren luussen.14h30:

13h45-14h30: VIŅŠ UN VIŅA  („Hien&Si/ Lui&Elle")
D'Ilze Lejiņa (Saxofon, Gei, Birbyné, Kokle a Gesang) ass klassesch Saxophonistin an de Fred Hormain (Gittar, Gesang, Saxofon an Elektronik) ass Jazzmuseker. Zënter 2006 spille si eng Mëschung aus letteschem Folklore, elektronescher Musek a franséische Chanson-Klassiker. www.vinsunvina.com

14h15: IGOR, DE VILLCHEN, DEEN NET KONNT SANGEN - mam Potty Lotty (30 min.)
Eng participativ Geschicht vum Satoshi Kitamura fir Kanner ab 5 Joer, iwwersat vum Potty Lotty, iwwer Talent, Selbstakzeptanz, Frëndschaft, Natur a Schéinheet. Zesumme mam Potty Lotty gëtt Musek gelauschtert, gesongen an op Instrumenter gespillt. 

14h30-15h00: TOP FANFARE
http://www.fanfare.top  

15h00-16h00: SVEN SAUBER & BAND
De Sven ass e gefrote Sideman a Session-Museker a fir seng Kreativität a Singer-Songwriter-Fäegkeete bekannt. 2020 huet hien säin éischt Album verëffentlecht. 
https://www.svensauber.com 

15h15: ATELIER D'INITIATION A LA MUSIQUE (20 min.)

16h00-16h30: FOLKLORE UKRAINIEN DANCE GROUP VESNA

16h30-17h30. CLAUDINE MUNO & THIERRY KINSCH
Den Duo deelt seng Begeeschterung fir Akustik-Kläng an d´Traditioun vun de Singer-Songwriter vun de 70er Joer. Op der Gittar an um Piano interpretéiere si hir eege Kompositiounen mat engleschen a lëtzebuergeschen Texter.

16h45: ATELIER D'INITIATION A LA MUSIQUE (20 min.)

17h30: IGOR, DE VILLCHEN, DEEN NET KONNT SANGEN - mam Potty Lotty (30 min.)

WEIDER ATTRAKTIOUNEN:
- KLANGKANAL:
eng interaktiv Klanginstallatioun fir Kanner ab 2 Joer a Grousser
https://www.musikaktionen.de/open-air/klangkanal
- ATELIER D'INITIATION A LA MUSIQUE: en oppene Museksatelier mam Sarah Grün fir Kanner vun 2-5 Joer: Loosst ierch mat de Kanner verzauberen an eng farweg Welt voller Musék. Mat lauter Loftballons gëtt vill gedanzt an Musék gelauschtert. Mee wien as dann dat?! A wat huet hien do dobäi?! Kann een vielläicht domat Musék maachen?! Ah jo! dëst ass den Taro, ee ganz besonnege Kauz! Wann dir och esou gespaant sidd ewéi ech, dann kommt gäeren luussen.
- KANNERSCHMINKEN 
- MOLDËSCH

Fir Iessen (Gegrills, Halloumi, Fritten, vegetaresch Wraps, Kuch (och glutefräi), Glace (och laktosefräi), Pangécher) a Gedrénks ass gesuergt (KHN, Jugendhaus Niederanven & Scouten Niederanven).

Mat der Ënnerstëtzung vun: Fête de la Musique asbl., Ministère de la Culture, Groupe Foyer S.A. , SACEM an CFL.

A Kollaboratioun mat: Fête de la musique a.s.b.l., Groupe Foyer S.A., Ministère de la Culture, Sacem, CFL, Commune de Niederanven, Jugendhaus Niederanven & Scouten Niederanven

En collaboration avec

Fête de la musique a.s.b.l.
Groupe Foyer S.A.
Ministère de la Culture
Sacem
CFL

Commune de Niederanven

Jugendhaus Niederanven

Scouten Niederanven