Slampionship Luxembourg

Déi alleréischt lëtzebuergesch Meeschterschaft am Poetry Slam

Gëtt et eigentlech e lëtzebuerger Champion am Poetry Slam? Bis elo nach net an dofir gëtt et héich Zäit fir dat ze änneren. 12 lëtzebuerger Slammer kämpfen fir déi éischte Kéier ëm den Titel an dorëms fir Lëtzebuerg beim European Championships Poetry Slam zu Bréissel am Dezember kënnen ze vertrieden. Mat eegenen Texter an enger charakteristescher Performance probéiere si, de Public dovun ze iwwerzeegen, si als lëtzebuerger Slam-Champion 2021 auszewielen. Dobäi sinn all Sproochen erlaabt, jiddereen deen zu Lëtzebuerg wunnt oder vun hei ass, däerf matmaachen. Haaptkriteren bei der Bewäertung sinn den Text selwer, wéi och d'Performance.

Moderatioun: Bob Reinert

Slammer*Innen: Vincent Koks, Cosimo Suglia, Luc Francois, Nicolas Calmes, Sara Andjelkovic, Fabienne Gorges, Camal Tahireddine, Sarah Catini, Philippe Schockweiler, Gina Árvai, Franziska Peschel

Organiséiert vum: Kulturhaus Niederanven, Géisskan Kollektiv, Rotondes, Prabbeli Wiltz

Spectacle sous régime CovidCheck (tests rapides sont possibles sur place (gratuit).

En collaboration avec

Organiséiert a Collaboratioun mat de Rotondes an dem Géisskan Kollektiv.