DIY & more Jonn Happi - Challenge 8

Jonn Happi - Challenge 8

Den Jonn Happi ass de Spezialist vun der gudder Laun, dem Onerwaarten an der
Improvisatioun. Spontan, charmant munchmol zynesch, ëmmer gutt gelaunt presentéiert hien sech sengem klengen a grousse Publikum.

Ween ass den Jonn Happi?

Den Jonn Happi lieft grad elo. Hien lieft de Moment. Hien ass begeeschtert vun der Géigewaart, vun allem wat authentesch ass, de Pannen a Feeler mat alle Niewewierkungen. Dat deet him gutt!

Hien ass faszinéierte Freestyler a lauschtert gär Chopin an 90er Elektro-Pop. Sief et romantesch-hektesch Jonglerie, riskéiert Gläichgewiichtsroutinen oder zäitgenësseschen Danz... den Jonn Happi beräichert de Moment an dem du liefs.

D'Gebuert vum Jonn Happi

An engem Duerf am Norden vum Land huet eemol e klengen zefriddenen Mann zesummen mat sengen 3 zauberhafte Kanner, sengen 11 häerzzerräissende Kanéngercher sengen 2 eenzegaartegen Fësch an senger wonnerschéiner souwéi intelligenter Fra gewunnt. All dës Kreaturen liewen zesummen a ware glécklech an zefridden... sie waren all Happi huet de klengen Mann ëmmer erëm festgestallt.

Bis enges Daags e schrecklecht Accident geschitt ass. De Pompjeeswon aus dem Duerf krut d'Kéier net méi mat Zäiten an ass schnurstracks an d'Scheier gerannt an ass bis a d'Schlofzëmmer vun dem klengen Mann gerannt, dee grad am gaangen war eng Mëttesrascht ze halen.

De klenge Mann hat vill Chance, well him ass bei dësem Zesummestouss näischt geschitt. Well d'Haus enorm Schued hat, hunn d'Pompjeeën sech entscheet, dem klenge Mann als Entschiedegung hiren Pompjeeswon ze schenken.

Vun dësem Dag un, mengt de klengen Mann, dass hien Jonn Happi heescht. D'Idyll aus sengem Duerf ass him op eng Kéier net méi duer gaangen. Hie wollt méi Freed, ëmmer méi... Owes wa seng Famill a seng Déieren geschlof hunn, ass hien heemlech a säi Keller gaangen an huet ugefaangen u senge Iddien an Dßreem ze brikoléieren....

D'Jonn Happi Akademie

Langweil kann och mol gutt doen. Awer net ëmmer! Wann dir d'Zäit ze laang doheem gëtt, proposéieren ech dir, verschidde kleng Workshops ronderëm Beweegung, Koordinatioun, Spaass a Spill.

Wann s du dës 12 kleng Workshope fäerdeg bréngs, kriss du eng exklusiv Jonn-Happi-Akademie-Auszeechnung perséinlech heemgeschéckt.

Als Beweis dass du dës Auszeechnung och wierklech verdéngt hues, solls du déi 12 Workshopen ëmmer kuerz filmen an e klengen Videofilm vu maximal 4 Minutten zum Schluss vun dëser Challenge u mech schécken.

Eleng oder zesummen mat denge klenge/grousse Geschwëster oder mat dengen Elteren bidden ech dir flott kleng Aktivitéiten fir däin

Alldag un. An denk drun, wann den Hausarrest eriwwer ass, kanns du gäre mat all dene Saachen weidermaachen. Mir gesinn eis, ... an net nëmmen um Bildschirm.

Bleif fit,

            Jonn Happi

Downloads