DIY & more Jonn Happi's Bengel Manipulatioun

Jonn Happi's Bengel Manipulatioun

Den Jonn Happi ass de Spezialist vun der gudder Laun, dem Onerwaarten an der
Improvisatioun. Spontan, charmant munchmol zynesch, ëmmer gutt gelaunt presentéiert hie sech sengem klengen a grousse Publikum.

Wat begeeschtert dech un der Zauberei / um Zirkus?
Zirkus an Zauberei huet vill mat Beweegung an Ausdrock ze dinn. Et brauch een net onbedéngt eng Sprooch fir et ze verstoen. Beim Üben brauch een Éiergäiz an et strieft een no Perfektioun. Dat si flott Eegeschaften, déi mir gutt gefalen.
 
Wou fënns du deng Inspiratioun?  
Am Zäitdrock, an der Panik, bei Problemer a bei Pannen. Da ginn ech kreativ. An esou Situatioune muss ee léieren d'Rou ze fannen an no Léisunge sichen. An dëse Momenter entsteet ganz oft een Universum vu neien Iddien, déi ech op der Bün ausliewen an ausdrécke kann.
 
Ass et schwéier d'Zauberen ze léieren an Zirkus ze maachen?
Ganz vill Techniken am Zirkus an an der Zauberei sinn am Ufank liicht ze léieren. Ab engem gewëssene Level gëtt et da méi schwéier. Wann eng Loscht besteet fir weider ze wuessen an ze léieren an de Wëllen do ass fir ëmmer erëm ze üben, da kann ee vill erreechen.
 
Hues du dir schonn eng Kéier bei engem Trick wéi gedoen?
Jo, ech hu mir scho beim Training wéi gedoen. Et waren awer ni ganz grouss Verletzungen. Fir dëst op e Minimum ze reduzéiere muss ech konzentréiert üben a mech gutt virum Training opwiermen an zum Schluss Stretching maachen.
 
Wat zaubers du am léifsten?
Et ass mir net esou wichteg mat wéi engem Material ech zauberen. Mir sinn d'Geschichte wichteg, déi ech wärend dem Zauberen de Leit erzielen. Ganz oft sinn dat zynesch oder och sozialkritesch Metapheren.
 
Hues du nei Projete fir d'Zukunft geplangt?
Zur Zäit plangen ech e neie Projet mat engem klengen Zirkuszelt. Do wëll ech da selwer dran optrieden. An Zukunft wëll ech dann och Kanner d'Méiglechkeet ginn, zesumme mat mir e Stage an dësem Zelt ze maache wou si dann och optriede kënnen.

Downloads