DIY & more Julie Costentin - Coloring Book

Julie Costentin - Coloring Book

D’Julie Costentin ass eng lëtzebuergesch Textil- a Grafik-Designerin, seng Wierker
sinn deemnächst am KHN ze gesinn.

Stell dech kuerz vir.
Ech sinn d'Julie, hunn 28 Joer, a sinn Textil- & Grafik-Designerin. Meng Imprimeeeë si meeschtens vun Hand gemaach, sief et fir de Beräich vun Textil a Moud, oder fir de Volet „Home & Decoration". Heiansdo fënnt ee se awer och fir aner Supporten, wéi zum Beispill Keramik oder den Design vu Papiers Peints. De Moment schaffen ech un enger neier Foulards-Kollektioun.

Wat begeeschtert dech um Design?
Mech begeeschtert, datt een d'Fräiheet huet sech auszedrécken an d'Läit domat kann inspiréieren an hinnen eng Freed bereeden. Design bedeit fir mech och eng Solutioun ze presentéiere wann ee spezifesche Problem opkënnt.

Wou fënns du deng Inspiratioun?
Et hänkt dovunner of, ech géing soen, meeschtens an der Natur. Ech inspiréiere mech vill un organesche Formen, Planzen an Déieren. Weider Inspiratioun fannen ech och un anere Kulturen, Reesen an anere Leit. Ech observéiere gär. Emotiounen an Expressiounen hunn ee groussen Afloss op meng Kreativitéit.

Wou fënns du däi Material?
Ech hu mäi Material schonn eng gutt Zäit. Zu Lëtzebuerg sinn ech ëmmer an de Steinhäuser gaangen, an hei a Spuenien a kleng Butteker, sief et fir Stoft ze kafen oder Pabeier, Faarwen...

Zeechens du léiwer digital oder op Pabeier?
Dat hänkt ganz vun der Kollektioun of. Ech schaffe gäre mat deenen zwee.

Hues du e Virbild?
Ech hunn der e puer, wäert awer just déi dräi hei opzielen, déi fir mech eng grouss Referenz sinn: Alphonse Mucha, William Morris, Katie Scott.

Hues du nach aner Hobbyen?
Ech maache gäre Sport, Broderien a Keramik.

Wat ass deng Liblingsfaarf?
Ech hu souzesoen eng Liblingspalette, et gesäit een, datt a menge Kollektiounen ëmmer erëm déi selwecht Faarwen erëm kommen.

Wat wëlls du onbedéngt eng Kéier realiséieren?
Ech wéilt gäre meng eege Mark hunn an dovunner liewe kënnen.