DIY & more Lynn Cosyn - Gesiichter Mobilé

Lynn Cosyn - Gesiichter Mobilé

D’Lynn Cosyn ass eng lëtzebuergesch Illustratrice an huet seng Wierker schonn am KHN ausgestallt.

Stell dech kuerz vir.
Ech sinn d'Lynn Cosyn an Illustratorin zënter 2016. Virdrun hunn ech als
Architektin geschafft. Vir mech awer kreativ anescht auszedrécken, hunn ech en neie Wee ageschloen, nämlech erëm ze molen an sou sinn ech lues a lues an der Illustratiounswelt gelant.

Wat begeeschtert dech um Design/ un den Illustratiounen; wéi hues du deng Léift zur Molerei entdeckt?
Ech hunn eng Zäit laang als Ersatzjoffer an der Primärschoul geschafft. Mat de Kanner ze schaffen huet mech dozou bruecht, erëm méi ze molen. De Kanner op eng visuell Aart a Weis Saachen ze erklären, huet mir immens vill Freed bruecht an sou konnt ech dovunner net genuch kréien. Ech hu meng Stëfter a Faarwen aus menger Kandheet erëm ausgepaakt a konnt guer net méi op-halen drop lass ze zeechnen. :)

Wat ass däi Liblingsmaterial?
Mäi Liblingsmaterial si Gouache an Acrylfaarwen. An och Bläistëftsfaarwen, mat deenen ee sou eng flott Textur hikritt.

Zeechens du och digital?
Säit 2018 zeechnen ech och digital. Dat geet heiansdo méi schnell fir dann u Clientsprojeten ze schaffen. Virun allem fir mat Faarwen nach méi (schnell) ze experimentéieren huet mech dat digitalt Zeechnen iwwerzeege kënnen.

Wou fënns du deng Inspiratioun?
Meng Inspiratioun fannen ech de Moment virun allem bei mengem klenge
6 Méint ale Jong. De Moment zitt mech villes aus der Kannerwelt magesch un. A soss inspiréieren ech mech haaptsächlech um Alldag, un anere Kënschtler, un Design-Objeten asw. ... d'Inspiratioun lauert u sech iwwerall. :)

Wou fënns/keefs du däi Material?
Vill Material hunn ech tatsächlech nach aus menger Kandheet, well ech do schonn ëmmer gäre gezeechent hunn oder gebastelt hunn. An nodeems ech 2018 2,5 Méint zu Tokyo gewunnt hunn, hunn ech vill Material och vun do matgeholl.

Hues du e Virbild/ Idol?
Ech hu vill Idoler oder Leit, déi mech inspiréieren. Dat si Frënn oder och aner Illustratoren, déi ech op Instagram zum Beispill entdecken.

Hues du nach aner Hobbyen?
Säit neistem hunn ech d'Strécke fir mech entdeckt.

Wat méchs du wann e Bild näischt gëtt? / Wat méchs du wann s du e Feeler mools?
Da sinn ech fir d'éischt emol zimmlech frustréiert. Da waarden ech ëmmer en Dag of a kucke mer et dann nach eemol un. Heiansdo ass et dann awer guer net sou schlecht. Mee meeschtens fänken ech dann erëm vu vir un. Ech sinn do zimmlech kriddeleg. Villäicht sinn ech och ze streng mat mir. Anerersäits léiert een esou bäi, hihi.

Wat sinn deng Liblingsfaarwen?
All Faarwen an der richteger Kombinatioun. Am léifsten hunn ech Faarwen déi eng gewësse Rou ausstralen.

Wat wëlls du onbedéngt eng Kéier realiséieren?
Ech wëll onbedéngt e Kannerbuch erausbréngen. De Moment hunn ech vill Iddie fir verschidde Bicher, mee leider feelt mer de Moment déi néideg Zäit se ëmzesetzen. Mee ech bleiwen drun :).

Downloads