DIY & more Lynn Schiltz - Collagen aus Texturen

Lynn Schiltz - Collagen aus Texturen

D'Lynn Schiltz ass eng lëtzebuergesch Illustratrice. Hatt gëtt Coursen am KHN am Beräich Zeechnen a Bastelen fir Kanner.

Stell dech kuerz vir.
Mäi Numm ass Lynn Schiltz. No mengem Studium am Kommunikatiounsdesign hunn ech kuerz an enger Design Agence geschafft, mech dann awer entscheet am Enseignement ze schaffen. A menger Fräizäit widmen ech mech der Illustratioun. Am Kulturhaus Niederanven bidden ech verschidde Konschtworkshopen fir Kanner un.

Wat begeeschtert dech um Design/ un den Illustratiounen? Wéi hues du deng Léift zur Molerei entdeckt?
Schonn als Kand hunn ech ëmmer gäre gemoolt. Beim Mole kann ech menger Fantasie fräie Laf loossen, entspanen an eng Iddi a mengem Kapp op d'Blat bréngen an esou mat aneren deelen. Biller kënnen immens gutt Iddien a Gefiller kommunizéieren, egal wéi eng Sprooch ee schwätzt, vu wou ee kënnt oder wéi al een ass, e Bild ka jiddereen areechen.

Mat wéi enge Materialie schaffs du am léifsten?
Meeschtens huelen ech einfach dat wat mir als éischt an d'Hand kënnt. Ech zeechne meng éischt Skizzen an Iddien mam Bläistëft oder mat Bläistëftsfaarwen.
Fir meng Illustratioune schaffen ech dono um Computer mat engem Graphic Tablet am Photoshop an Illustrator. Ech experimentéieren awer och gär mat Acryl-Faarwen.

Wou fënns du deng Inspiratioun?
Inspiratioun fënnt een ëmmer an iwwerall: an der Natur, an engem Gespréich, eng Faarf, e Saz, e Gefill, eng Foto, e Muster...
Meeschtens brauch et dann awer e rouege Moment fir dass aus all mengen Andréck eng konkret Idee fir eng Illustratioun entsteet. Ech halen all meng Ideeën an engem Skizzebuch fest. Wann ech Zäit hunn, setzen ech se an Illustratiounen ëm. Dobäi schaffen ech intuitiv an d'Iddie veränneren sech och oft wärend dem Zeechnen.

Hues du nach aner Hobbyen?
No laangem Sëtzen a Molen sinn ech och gären aktiv: Ech spille Fussball a maache Yoga.

Wat méchs du wanns du e Feeler mools?
Oft hu mir Angscht virum wäisse Blat. Dat wichtegst ass awer fir unzefänken. A bal all Technik kann ee Feeler verbesseren, also brauch ee keng Angscht ze hunn fir einfach lasszeleeën an auszeprobéieren! Keng Zeechnung ass direkt perfekt. Heiansdo entstinn aus Feeler oder Experimenter och ganz interessant Saachen. Dowéinst roden ech och oft ganz ouni Gummi ze molen.

Wat sinn deng Liblingsfaarwen?
Meng Liblingsfaarf ass turquoise. A menge Biller benotzen ech awer all Faarwe gären.
Fir all Bild iwwerleeën ech mir am Viraus wéi eng Faarwe passe kënnen an erstellen dann eng Palett vu Faarwe fir d'Bild.

Wat wëlls du onbedéngt eng Kéier molen?
En Dram vu mir ass et, eemol e Kannerbuch ze illustréieren!

Downloads