DIY & more Magali Lehners - Yogageschichte mam Magali & Lou

Magali Lehners - Yogageschichte mam Magali & Lou

D’Magali Lehners ass eng lëtzebuergesch Yogaléierin mat eegenem Yogastudio. Am KHN gëtt hatt Coursen wéi Yogageschichte fir Kanner a Yoga-zu-Zwee fir Kanner mat Begleetpersoun.

Stell dech kuerz vir.
Ech sinn d'Magali, a vu Beruff Yogaléierin. Ech hunn e Yogastudio um Lampertsbierg zesumme mat menger Frëndin Alexandra. Ech hunn e klengt Meedchen, Lou, vun 10 Joer a maachen och mat him reegelméisseg Yoga.

Wat begeeschtert dech um Yoga? Wéi hues du deng Léift zum Yoga entdeckt?
Yoga ass fir mech de beschte Wee fir mat mir selwer am Reng-en ze sinn. Duerch de Yoga fannen ech ëmmer eraus wat ech wëll a kann deementspriechend handelen. Wann et mer schlecht geet, bréngt de Yoga mir direkt erëm gutt Laun an ech kann ee Moment all meng Suerge vergiessen an a positiv Gedanken andauchen. Dat huet dann och direkt e gudden Effekt op all déi Leit déi ronderëm mech sinn. Ech hu scho mat 17 Joer mam Yoga ugefaangen, zu enger Zäit wou de Yoga nach net esou bekannt war ewéi haut. Et huet mech direkt begeeschtert ouni erklären ze kënne firwat. Ech mengen, et war dat positiivt Gefill wat ech ëmmer nom Yoga hat, dat dozou gefouert huet, dass ech ni mam Yoga opgehalen hunn. Ech sinn dunn mat 20 Joer an Indien ge-reest an hunn an engem Ashram am Himalaya meng éischt Yogaaus-bildung gemaach.

Hues du eng Liblingspos?
Ech hunn keng Liblingspos, mee ech hu Posen, déi mer méi oder manner gutt doen, jee nodeem wéi ech mech grad fillen.

Wou fënns du Inspiratioun fir deng Stonnen?
D'Inspiratioun fir meng Stonn fannen ech duerch liesen, Form-atiounen, a mech ëmmer weider fir de Yoga ze interesséieren. Et sinn awer och vill Yogaléierer bei eis am Studio, bei deenen ech meng Inspiratioun fannen.

Hues du e Virbild?

Ech hu kee konkret Virbild, mee mech inspiréieren am meeschten déi al traditionell Yogien, déi schonn e grousse Wee hannert sech hunn an déi doduerch mat hiren Erfarungen e Virbild si fir ëmmer weiderzemaachen an ni opzeginn.

Hues du nach aner Hobbyen?
Als Hobbyen hunn ech liesen, lafe goen, Piano spillen a mat mengem Meedchen danzen a spillen.

Ka jiddweree Yoga maachen? Muss een dofir sportlech sinn?
Yoga ass fir jiddwereen, fir all Alter an dat an alle Liewensphasen.
Et muss ee guer net sportlech sinn, well et passt een d'Yogaübungen u säi Bedürfnis un.

Downloads